Schoulkommitee


All Schoul huet e Schoulcomité. Dem Schoulcomité seng Aufgabe sinn d’Ausschaffe vun enger Propos fir d’Organisatioun vun der Schoul, engem Plang fir d’Entwécklung vun der Schoul an engem Virschlag fir d’Opdeelung vum Verwaltungsbudget vun der Schoul.

De Schoulcomité gëtt säin Avis op all d’Froen, déi d’Schoulpersonal betreffen, a bestëmmt dem Personal säi Weiderbildungsbedarf. 

En organiséiert d’Gestioun vum Léiermaterial an der Computer-Ausrüstung an der Schoul.

De Schoulcomité vun der Gemeng Koplescht besteet aus véier Memberen, déi ënner dem Schoulpersonal fir e Mandat vu fënnef Joer gewielt ginn. Zwee Membere vum Schoulcomité huelen un de Reunioune vun der Schoulkommissioun deel.