IEBS
Aufgabe vum Enseignant fir Kanner mat spezifeschen a besonnesche Besoinen
Den Artikel 27 vum geännerte Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwer d’Organisatioun vun der Grondschoul definéiert d’Missioune vum speziell ausgebilten Enseignant fir Schüler mat spezifesche Besoinen (I-EBS) follgendermoossen.
De speziell ausgebilten Enseignant fir Schüler mat spezifesche Besoinen:
- ass verantwortlech fir d’Prise en charge vu Schüler mat besonnesche pedagogesche Besoinen, an dat andeems en eng inklusiv Demarche applizéiert
- stellt d’Récksprooch mam Klassentitulaire an der Équipe pédagogique sécher, déi sech ëm déi concernéiert Schüler këmmert
- stellt den Eltere vu Schüler mat besonnesche pedagogesche Besoinen Informatiounen, wat d’Léierfortschrëtter ubelaangt, zur Verfügung
- beréit dat zoustännegt Personal vun der Bildungs- a Betreiungsariichtung iwwer déi concernéiert Schüler
- beréit d’Equipe-pédagogiquen, wat d’Prise en charge vun de concernéierte Schüler ubelaangt
- koordinéiert d’Mesurë fir d’Prise en charge vu Schüler mat spezifesche pedagogesche Besoinen um Niveau vun der Schoul
- entwéckelt eng Demarche, fir Schüler mat besonneschem Fërderbedarf ze ënnerstëtzen
- schafft de Schoulentwécklungsplang an Ofsprooch mam Schoulpersonal an dem Personal vun der Bildungs- a Betreiungsariichtung fir Kanner aus
- stellt d’Verbindung mat der Inclusiounskommissioun um regionalen Niveau an de Kompetenzzenteren op nationalem Niveau sécher